BBQ Balélec 2019

Wéi all Joers hunn d’Lëtzebuerger Studente vu Lausanne all Studentencercelen op den traditionelle Before vum Balélec invitéiert. De Balélec ass dee gréisste Studentenfestival vun nëmmen engem Owend aus Europa a gëtt all Joers mat der Hëllef vu ville Studenten a Bénévolen um Campus vun der EPFL op d’Been gesat. Nieft verschiddene lokale Museker a DJ’en trieden och international bekannte Museksgruppen op wéi zum Beispill dëst Joer d’Hamburger Techno Marchingband Meute.

Ier et awer op de Balélec gaangen ass, huet de Comité en grousse Barbecue op der Plage vu Vidy direkt um Séi organiséiert. Vun do aus kann een ouni Problem zu Fouss bis op de Campus vun der EPFL trëppelen. Fir drénken an iessen souwéi gutt Stëmmung war gesuergt, de Comité war kräfteg akafe fir dass och fir jiddereen dat richtegt fir op de Grill dobäi war, egal op Vegetarier oder net, an huet och sécher gestallt dass keen huet missen duuschtereg heem goen. Géint 18 Auer gouf de Grill ugeschmass an et huet och net laang gedauert bis di éischt Leit do waren. Och wann et net vun iwwerall aus einfach ass op Lausanne ze kommen, huet et eis gefreet, dass awer eng Rei Leit aus anere Cerclen de Wee bis bei eis fonnt hunn. Och wann d’Traditioun et sou wëll dass et fir de Balélec reent, hate mir dëst Joer Chance mam Wieder, ofgesi vun zwou klenge Schaueren déi awer nëmmen e puer Minutte gedauert hunn, war et en sonnegen Owend an et war, wéi ëmmer, en Pleséier seng Stonnen um Bord vum Séi ze verbréngen. Nodeems gutt giess gouf hunn déi déi wollten sech zesummen op de Wee laanscht de Séi fir op de Balélec gemaach fir do bis mat gudder Musek begleet an d’Nuecht eranzefeieren. Fir déi, déi net a Festivalsstëmmung waren oder einfach wollten de Schluss vum Owend roueg um Séi ausklénge wollte loosse sinn natierlech och en puer Lausanner op der Plage vu Vidy bliwwen an hunn sech dono ëm d’Ofriichten an d’Raumen gekëmmert.

Mir soen all Mënsch Merci dee mat eis de Balélec geféiert huet, et war eis en Pleséier iech bei eis zu Lausanne ze begréissen, a mir invitéieren iech lo schonn all ganz häerzlech op deen nächste Balélec, selwecht Plaatz, selwecht Auerzäit an, wann et no eis geet, strahlend Sonn a gutt Stëmmung!

Wat kann een zu Lausanne studéieren?

Bachelor

Chimie et génie chimique

Mathématiques

Physique

Informatique

Systèmes de communication

Génie électrique et électronique

Génie mécanique

Microtechnique

Science et génie des matériaux

Ingénierie des sciences du vivant

Architecture

Génie civil

Sciences et ingénierie de l’environnement

Master

Architecture

Génie civil

Sciences et ingénierie de l’environnement

Génie électrique et électronique

Génie mécanique

Gestion de l’énergie et durabilité

Microtechnique

Robotique

Science et génie des matériaux

Informatique

Systèmes de communication

Data science

Chimie moléculaire et biologique

Génie chimique et biotechnologie

Mathématiques

Ingénierie mathématique

Science et ingénierie computationnelles

Physique

Physique appliquée

Génie nucléaire

Ingénierie des sciences du vivant

Ingénierie financière

Management, technologie et entrepreneuriat

Humanités digitales

BSc am Management oder Economie Politique

MSc an der Comptabilité, Contrôle a Finanz;  an der Finanz; a Sciences

Actuarielles; an Droit et Economie; an der Economie ; an Systèmes

Informatiques oder am Management

Faculté de théologie et de sciences des religions (FTSR)

Faculté de droit, des sciences criminelles et d’administration publique

Faculté des lettres

Faculté des sciences sociales et politiques (SSP)

Faculté des géosciences et de l’environnement (GSE)

Faculté de biologie et de médecine (FBM)

Events 2018-2019

Semester 2

01/03/2018 – Verre de la rentrée @ Kingsize Pub

29/03/2018 – Pubcrawl

03/05/2018 – Quiznight reporté au 17/05 si météo clémente

10/05/2018 – Intercercle BBQ avant  Balélec: inscription obligatoire sur l’évènement Facebook, sinon faire un mail à kulturminister@aell.lu

23/05/2018 – Assemblée Générale @ Café des bouchers

12/07/2019 – Studentebal

Archiv Semester 1

13/07/2018  – Studentenbal

August 2018  – Fouer @ Stall

21/09/2018  – Verre de la rentrée @ Kingsize Pub

06/10/2018 – 07/10/2018  – « Daaf » – Baptême des Bleus

08/11/2018 – 09/11/2018  – Foire de l’Étudiant au Luxembourg

16/11/2018  – Pubcrawl

07/12/2018 –  Kleeschen

Balelec BBQ 2017

Intercercle Balelec BBQ 2017

Den 12. Mee 2017 huet zu Lausanne rem den Balelec Festival statt fonnt. Wéi all Joer, huet d’AELL op hiren BBQ virum Festival invitéiert. RDV war um 18H op der Plage de Vidy. Bei Gegrills an Gedrénks gouf een flotten Owend um Séi verbruecht, fir mei spéit am Owend zesummen op den Festival ze goen.

Fannt héi een flotten Artikel iwert eisen Intercercle: https://acel.lu/articles/2017/05/bbq-balelec