Hockey Match

02.11.2021

Pour la première fois une sortie à la Vaudoise Aréna a été organisée. L’occasion pour les étudiants de se familiariser avec ce sport national.

Pub Crawl

22.10.2021

Chaque année une traditionnelle tournée des bars est organisée. Cela permets aux anciens et nouveaux étudiants de bien s’intégrer dans la ville et de connaître de nouveaux endroits où rencontrer des étudiants.

Dégustation de vin Lavaux – Balade

Départ de Lausanne en train jusqu’à Grandvaux, ensuite balade de 6 km à travers les vignes du Lavaux. Arrivés au Vinorama, un film sur la production du vin et l’histoire du Lavaux nous a été présenté. Place finalement à la tant attendue dégustation de vins de la région. Retour sur Lausanne en train. 22.05.2021

BBQ Balélec 2019

Wéi all Joers hunn d’Lëtzebuerger Studente vu Lausanne all Studentencercelen op den traditionelle Before vum Balélec invitéiert. De Balélec ass dee gréisste Studentenfestival vun nëmmen engem Owend aus Europa a gëtt all Joers mat der Hëllef vu ville Studenten a Bénévolen um Campus vun der EPFL op d’Been gesat. Nieft verschiddene lokale Museker a DJ’en trieden och international bekannte Museksgruppen op wéi zum Beispill dëst Joer d’Hamburger Techno Marchingband Meute.

Ier et awer op de Balélec gaangen ass, huet de Comité en grousse Barbecue op der Plage vu Vidy direkt um Séi organiséiert. Vun do aus kann een ouni Problem zu Fouss bis op de Campus vun der EPFL trëppelen. Fir drénken an iessen souwéi gutt Stëmmung war gesuergt, de Comité war kräfteg akafe fir dass och fir jiddereen dat richtegt fir op de Grill dobäi war, egal op Vegetarier oder net, an huet och sécher gestallt dass keen huet missen duuschtereg heem goen. Géint 18 Auer gouf de Grill ugeschmass an et huet och net laang gedauert bis di éischt Leit do waren. Och wann et net vun iwwerall aus einfach ass op Lausanne ze kommen, huet et eis gefreet, dass awer eng Rei Leit aus anere Cerclen de Wee bis bei eis fonnt hunn. Och wann d’Traditioun et sou wëll dass et fir de Balélec reent, hate mir dëst Joer Chance mam Wieder, ofgesi vun zwou klenge Schaueren déi awer nëmmen e puer Minutte gedauert hunn, war et en sonnegen Owend an et war, wéi ëmmer, en Pleséier seng Stonnen um Bord vum Séi ze verbréngen. Nodeems gutt giess gouf hunn déi déi wollten sech zesummen op de Wee laanscht de Séi fir op de Balélec gemaach fir do bis mat gudder Musek begleet an d’Nuecht eranzefeieren. Fir déi, déi net a Festivalsstëmmung waren oder einfach wollten de Schluss vum Owend roueg um Séi ausklénge wollte loosse sinn natierlech och en puer Lausanner op der Plage vu Vidy bliwwen an hunn sech dono ëm d’Ofriichten an d’Raumen gekëmmert.

Mir soen all Mënsch Merci dee mat eis de Balélec geféiert huet, et war eis en Pleséier iech bei eis zu Lausanne ze begréissen, a mir invitéieren iech lo schonn all ganz häerzlech op deen nächste Balélec, selwecht Plaatz, selwecht Auerzäit an, wann et no eis geet, strahlend Sonn a gutt Stëmmung!