Elektroingenieur

Kanns du herno d‘Bieren vun menger Luut wiesselen? – Dat ass déi meescht gestallten Fro wann een den Léit seet dass een Elektroingenieur studéiert. Souguer wann et oft Ironesch gemengt ass, bleift d’Fro wat een als Elektroingenieur genau leiert an wou een herno schaffen kann berechtegt well den Studium net sou bekannt ass wei zum Beispill Bauingenieur.

Den Studium befënnt sech iergendwou zweschend der Informatik an der Mikrotechnik. Et leiert een net nëmmen verschidden Programmatiounssproochen me och d’Designen vun Elektreschen Circuiten an d’Verständnis wei d’elektresch produzéiert an transportéiert gëtt. Op der EPFL ass en an dräi verschidden beräicher agedeelt wou een sech een kann eraussichen: Energie, Antennen/Kommunikatioun, Mikro/Nanoelektronik.

Hei eng ganz kuerz Erklärung vun deenen dräi verschiddenen beräicher (perséinlech hunn ech mir Energie erausgesicht)

Energie: Technologie hannert den erneierbaren Energien (Elektromotoren, Transformatoren, Elektresche Reseau …)

Antennen/Communicatioun: Elektromagnetesch Wellen, Internet of Things, …

Micro/Nanoelectronic: Hardware an Software vun elektreschen Chips (Computerchips, Handychips, …)

Et ass een Studium an engem extrem interessanten Beräich den am Alldag omnipresent ass an wou et nach ganz fill ze entdecken gëtt. An enger Zäit wou alles automatiséiert gëtt, muss een sech mat dësem Studium och keng Gedanken maachen herno eng Plaz an der Aarbechtswelt ze fannen.

An souguer wann een et net am Studium léiert, kritt een herno normalerweis eng Bier gewiesselt.

Fir mei Informatiounen : https://www.epfl.ch/education/bachelor/fr/programmes/genie-electrique-et-electronique/

Philippe Bontemps, Chef vun Alles an Ex-Presi